DATA Luxembourg, de sektorielle Promotiouns-Logo

Den Digitaliséierungsministère huet zesumme mat dem Team fir d’Promotioun vum Markebild vu Lëtzebuerg de Logo DATA Luxembourg erstallt.

DATA Luxembourg ass Deel vun den Initiativen vum Ministère, fir Lëtzebuerg als Kompetenzzentrum am Beräich vun den Donnéeën ze positionéieren.

Domat gehéiert de Logo zur grousser Famill vun de Benotzer vun der Lëtzebuerger Signatur. E vertrëtt d’Wäerter vu Lëtzebuerg: Dynamik, Offenheet an Zouverlässegkeet.

Wéi d'Lëtzebuerger Signatur, brauch een och fir d'Notze vum DATA Luxembourg-Logo eng Geneemegung. En ass fir déi Akteuren reservéiert, deenen hir Aktivitéiten der Promotioun vum lëtzebuergeschen Donnéeësecteur déngen, an net haaptsächlech der Reklamm fir e Produkt, eng Déngschtleeschtung, eng Entreprise oder eng Mark.

Sidd Dir eng Organisatioun oder Institutioun déi de Promotiounslogo notze wëll, fir Lëtzebuerg als vertrauenswürdegen "Datahub" ze presentéieren? Fir d'Notzungsrecht vum Logo unzefroen, kontaktéiert w.e.g. den Digitaliséierungsministère op logo@digital.etat.lu.