Aktualiséiert den
De Ministère
De Ministère fir Digitaliséierung ass engersäits e Vermëttler a Koordinator fir Ministèren an aner staatlech Entitéiten, déi den digitale Wandel erfollegräich gestalte wëllen. Anerersäits ass en een Initiator fir iwwergräifend staatlech Entwécklungen, bei deenen et drëm geet, de Bierger an den Entreprisen den Alldag ze erliichteren.
Am Kader vun de politesche Prioritéiten an der Ëmsetzung vum Regierungsprogramm ass d’Koordinéierung vum Ministère fir Digitaliséierung senge Strategien entscheedend fir d’Entwécklung, d’Aktualiséierung an d’Ëmsetzung vu Strategien am Zesummenhang mat der Digitaliséierung an der digitaler Transformatioun vu Lëtzebuerg.
Als zentralen Acteur vun der kontinuéierlecher Entwécklung vun der Digitaliséierung am ëffentleche Secteur a den identifizéierte strategeschen Achse brauch de Ministère selbstverständlech eng suergfälteg Ofstëmmung mat anere Ministèren, fir dass d’Aféierung vun der digitaler Regierung an déi digital Transformatioun op der Grondlag vun innovative Projeten, dem Notze vun Daten an der verantwortungsvoller a virdeelhafter Uwendung vun Technologien, déi nei entstinn, erfollegräich zu Lëtzebuerg ëmgesat ka ginn.
Heifir a fir d’Zivilgesellschaft anzebezéien, bilt den Héije Comité fir d’digital Transformatioun eng Plattform fir den Austausch an eng Ënnerstëtzung; fir eng participativ Approche wärend der Entwécklung vu Strategien am Zesummenhang mat der digitaler Transformatioun vum Land ze fërderen.
Doriwwer eraus geet et bei der Koordinéierung vun de Strategien drëm, international Kooperatiounen ze identifizéieren, déi Synergien an den Austausch vu bewäerte Praktiken, innovative Projeten oder Initiative fërderen, déi d’Digitaliséierung vu Lëtzebuerg an d’Ëmsetzung vu de Prioritéiten an Ziler ënnerstëtzen, déi an de Strategië festgeluecht goufen.
Fir seng verschidden Aufgaben ze erfëllen, huet de Ministère dräi strategesch Achsen definéiert. Deemno huet de Ministère d’Absicht:
- déi digital ëffentlech Servicer kontinuéierlech auszebauen,
- Innovatiounen innerhalb vum Staat an d’Datewëssenschaft ze fërderen,
- d’digital Inklusioun vun alle Bierger ze fërderen.