Strategesch Achsen

Digital ëffentlech Servicer ausbauen

De Ministère fir Digitaliséierung huet sech d’Reussite vum Digital Government als Zil gesat. Laut der OECD ënnerscheet sech déi digital Regierung duerch eng méi effikass, méi benotzerfrëndlech an integrativ resp. inklusiv Approche, bei där un éischter Plaz follgend Krittäre stinn:

  • eng digital Gestaltung vun den administrativen Demarchen;
  • eng Administratioun, wou den Endbenotzer am Mëttelpunkt steet, egal ob et sech ëm Bierger (mat oder ouni spezifesch Besoinen) oder Entreprisen handelt;
  • d’Regierung als Plattform, déi d’Co-Kreatioun an déi aktiv ëffentlech Participatioun zwëschent der Regierung, den Entreprisen an der Zivilgesellschaft ënnerstëtzt;
  • eng oppe Regierung – Open by default – am Hibléck op Servicer, déi am Beräich Open Data ugebuede ginn. Dëse Prinzip stäerkt de Grondsaz vun der Transparenz a verknëppt e mat engem datebaséierten ëffentlechen Déngscht;
  • proaktiv Verwaltungen.

An där Optik schaffen de Ministère an de Staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) kontinuéierlech un der Verbesserung an Entwécklung vun neie Funktiounen op MyGuichet.lu an un der Erweiderung vum Katalog vun den Online-Demarchen an der Stäerkung vum “mobile government”.

Den Informatiounsportal Guichet.lu an déi geséchert interaktiv Plattform MyGuichet.lu sinn e Kontaktpunkt fir sämtlech Interaktiounen zwëschent Bierger, Entreprisen an der Lëtzebuerger Verwaltung; hir Notzer kënnen sou administrativ Demarchen online erleedegen an Zougang zu de perséinlechen Date kréien, déi de Staat iwwert si huet.

Dës zwee Portaler, déi vum CTIE bedriwwe ginn, baséieren op de Prinzippien digital by default, once only, Inklusioun an Accessibilitéit, Oppenheet an Transparenz, Zouverlässegkeet a Sécherheet esouwéi Interoperabilitéit a Standardiséierung.

Fir den Erfolleg vun der digitaler Regierung ze garantéieren, huet de Ministère e Comité interministériel fir d’Digitaliséierung vun der ëffentlecher Verwaltung en place gesat. Dëse Comité interministériel setzt sech aus de Responsabele fir déi strategesch Projeten am Beräich vun der digitaler Transformatioun vun alle Ministèren zesummen. E kënnt reegelméisseg zesummen, fir eng Bestandsopnam vun den digitale Projete vum Staat ze maachen an e koordinéierten Agenda fir Initiative fir d’Weiderentwécklung vum eGovernment festzeleeën. Et handelt sech ëm eng transversal an inklusiv Approche fir déi Etappen, déi mussen ëmgesat ginn, fir dass den Engagement vun der Regierung fir den digitale Wandel vun de staatlechen Entitéite mat Erfolleg kann ofgeschloss ginn.

De Ministère fir Digitaliséierung léisst vu senger Expertis staatlech Entitéite profitéieren, déi bei hirer digitaler Transformatioun weiderkomme wëllen. Dës “Digitaliséierungsberodung” (“Conseil à la digitalisation”) betrëfft esouwuel intern Prozesser ewéi och Servicer, déi de Ministère oder d’Verwaltung anere staatlechen Entitéiten, de Bierger oder och Entreprisen ubitt.

Mam Schafe vun dësem Digitaliséierungsberodungsservice kënnt de Ministère fir Digitaliséierung senger Verflichtung no, déi ëffentlech Verwaltunge bei der digitaler Ëmstellung vun hire Verwaltungsprozeduren an interne Prozesser ze ënnerstëtzen an hinnen zur Säit ze stoen. D’Berodung berücksichtegt déi individuell Situatioun vu jidder staatlecher Entitéit a passt op, dass sech hir digital Transitioun an de Gesamtkonzept vun der digitaler Transformatioun vum Staat afüügt. Dës Kohärenz ass eng onverzichtbar Viraussetzung fir méiglech Synergien zwëschent de staatlechen Entitéiten.

D’"Lëtzebuerger Erklärung” vun der OECD an d’Recommandatiounen, déi derzougehéieren, leeë grousse Wäert op d’”User Experience”. D’OECD schléisst sech domat dem Zil un, dat d’Europäesch Kommissioun an hirem Aarbechtsprogramm ervirgehuewen huet a bei deem et drëm geet, eng duebel gréng an digital Transformatioun ze erreechen. Dëst gëtt am Ministère fir Digitaliséierung iwwer de “Conseil à la simplification” (Berodungsservice fir administrativ Vereinfachung) an d’Praxis ëmgesat, deen, wéi den Digitaliséierungsberodungsservice, och staatlech Entitéite bei hire Beméiungen ëm d’Vereinfachung vun de Formalitéiten a Verwaltungsprozeduren ënnerstëtze kann. Well d’ Digitaliséierung vun de staatleche Servicer an d’Vereinfachung vun der Verwaltung mussen Hand an Hand goen, fir dat gewënscht Resultat ze erreechen.

An dësem Zesummenhang setzt de Ministère zum Beispill op eng participativ Approche. Op der Basis vun Austausch an Zesummenaarbecht invitéiert de Ministère d’Bierger, hire Bäitrag ze leeschten an esou aktiv um Prozess vun der digitaler Transformatioun deelzehuelen. Dës participativ Approche gëtt konkret a Form vu participativen Atelieren oder och duerch d’Realiséiere vu Projeten op der Plattform www.zesumme-vereinfachen.lu ëmgesat. Andeem en op déi perséinlech Erfarunge vun de Participanten zréckgräift, wëll de Ministère individuell zougeschnidde Léisungen ubidden, déi de Besoine vun de Bierger gerecht ginn.

Op dës Aart a Weis wëll de Ministère fir Digitaliséierung d’Bierger méi staark an d’Konzeptiounsphas vu Servicer resp. Produiten an an d’Vereinfachung vun den administrativen Demarchen abezéien, andeem en hinnen Outilen oder Funktiounen ubitt, déi besser op hir Besoinen zougeschnidde sinn. D’Zil ass et, den Notzer d’Liewen ze vereinfachen, andeem hir Besoinen a Wënsch an hirem Alldag an an hirer Kommunikatioun mat de staatleche Verwaltunge berücksichtegt ginn.

Fërderung vun der Innovatioun innerhalb vum Staat a vun der Datennotzung

Um nationalen an internationalen Niveau besteet am Beräich vun den digitalen ëffentleche Servicer ëmmer méi d’Noutwendegkeet, Daten oder Dokumenter auszetauschen an esou ze interagéieren. Doriwwer eraus huelen d’Komplexitéit an d’Interdependenz zwëschent dësen digitalen Servicer permanent zou. Dës Entwécklunge schafen en ëmmer méi dringende Besoin, e ganz héijen Interoperabilitéitsniveau ze erreechen an dauerhaft oprechterhalen ze kënnen.

Opgrond vun dësen Entwécklungen huet de Regierungsrot den Nationalen Interoperabilitéitskader (NIF: National Interoperability Framework) adoptéiert, deen de Ministère fir Digitaliséierung ausgeschafft huet. Dëse bitt en allgemenge Kader, deen e méi héijen Interoperabilitéitsniveau zwëschent den Organisatioune vum ëffentleche Secteur erméiglecht an erliichtert. Fir dës grouss Erausfuerderung ze bewältegen, huet de Ministère fir Digitaliséierung ënner anerem en Nationalen Interoperabilitéitscomité (CNI) en place gesat, deen sech aus Vertrieder vun de verschiddene betraffene Secteuren zesummesetzt, esouwéi siwe sektoriell Interoperabilitéitscomitéen (CSI).

De Ministère fir Digitaliséierung strieft ausserdeem un, dat vollt Potenzial vun den Daten aus dem ëffentleche Secteur am Déngscht vun de Bierger, den Entreprisen an den ëffentleche Servicer auszeschäffen, andeem en interoperabel Léisungen entwéckelt an aféiert, fir Fortschrëtter a Richtung vun engem dategedriwwenen ëffentleche Secteur (data driven public sector) ze maachen, d.h. vun engem ëffentleche Secteur, deen Daten notzt, fir de Bierger an Organisatiounen aus dem privaten an ëffentleche Secteur besser ze déngen. De Ministère wëll an Zesummenaarbecht mam CTIE an dem Kommissariat fir Dateschutz beim Staat (CGPD) Moossnamen an dësem Sënn koordinéieren, eng echt Datekultur am Staat schafen an d’Notzung vun Daten an engem vertrauenswürdegen Ëmfeld erméiglechen.

Doriwwer eraus wëll de Ministère och eng méi grouss Interoperabilitéit am Beräich vun den Datenaustauschnetzwierker um nationalen an internationalen Niveau fërderen. Dëst betrëfft besonnesch bestoend eDelivery-Netzwierker (elektronesch Liwwernetzer) wéi BRIS, eCODEX oder Peppol – d’eDelivery-Netzwierk, dat virun allem zu Lëtzebuerg fir d’Facturation électronique genotzt gëtt −, awer och nei eDelivery-Netzwierker, déi sollen en place gesat ginn, oder Austauschnetzwierker, déi op aneren technologeschen Approchë baséieren. Duerch d’Fërderung vun enger méiglechst ëmfaassender Reutilisatioun vun deenen Netzwierker, déi am beschte gëeegent sinn, wëll de Ministère den Austausch vu strukturéierten Daten zwëschent ëffentlechen Organismen esouwéi zwëschent dësen Organismen an Ariichtungen aus dem Privatsecteur oder esouguer de Bierger vereinfachen an esou effizient wéi méiglech gestalten.

Interoperabel an effizient Austauschnetzwierker si Schlësselelementer, déi et der digitaler Regierung an der digitaler Wirtschaft erméiglechen, hir Prozesser op Daten an hir maximal Reutilisatioun auszeriichten an esou wierklech hir Entwécklung ze beschleunegen an ze prosperéieren. Eng méiglechst komplett Digitaliséierung a maximal Automatiséierung vu de Geschäftsprozesser an deene verschiddenen Informatiounssystemer ass eigentlech nëmmen op der Basis vu qualitativ héichwäertegen, strukturéierten digitalen Date méiglech, déi iwwer interoperabel Netzwierker einfach austauschbar a reutilisabel sinn.

Ausserdeem widmet de Ministère fir Digitaliséierung e groussen Deel vu sengen Ustrengungen der Acceleratioun vun der Innovatioun beim Staat, an zwar besonnesch duerch de verstäerkten Asaz vun neien Technologien, fir héichmodern digital ëffentlech Servicer ze entwéckelen. Et geet drëm, d’Digitaliséierung an d’Innovatioun am ëffentleche Secteur ze fërderen, andeem en ënner anerem méi nei Technologië wéi Blockchain, kënschtlech Intelligenz an den Internet vun de Saache (internet of things) fërdert, awer och déi ganz Bandbreet vun den Technologien notzt, déi eis zur Verfügung stinn, fir Resultater ze erreechen, déi den Erwaardungen, Besoinen an Ufuerderunge vun de Bierger an Organisatiounen aus dem privaten oder ëffentleche Secteur am beschten entspriechen.

Duerch seng Aktivitéiten am Beräich vun den Technologien, déi amgaang sinn ze entstoen, wëll de Ministère déi aner Ministèren a Verwaltungen op dës Technologien opmierksam maachen, déi Léisunge fir d’Erausfuerderunge vum Staat bidde kënnen. Heifir lancéiert de Ministère Opriff, fir Projeten anzereechen, wéi NIF4Gov oder Data4Gov, a mécht bei der AI4Gov-Initiativ mat. Et kann sech och um Opriff vum GovTech Lab handelen, déi GovTech an Open Innovation kombinéieren, fir d’Entwécklung an d’Perfektionéierung vun den digitalen ëffentleche Servicer ze beschleunegen.

De Ministère ass och Member vu Konsortien, fir op europäesch Projetsausschreiwungen ze reagéieren, wéi dem POTENTIAL-Konsortium, a lancéiert Projeten, déi an Zesummenaarbecht mat Fuerschungszentren zu Lëtzebuerg definéiert ginn.

Fërderung vun der digitaler Inklusioun

Eng vun den Haaptaufgabe vum Ministère betrëfft d’digital Inklusioun, dee Prozess, dee jidder Eenzelnem déi digital Welt zougänglech maachen an him déi Fäegkeete vermëttele soll, déi him seng sozial a wirtschaftlech Integratioun erméigleche wäerten. Dës Aufgab entsprécht der Verflichtung vun der Regierung, déi vill Méiglechkeeten ze ënnersichen, déi et erlaben, all Bierger an déi digital Transformatioun vun der Gesellschaft anzebezéien an esou der digitaler Spaltung entgéintzewierken, déi riskéiert, d’Gesellschaft ze splécken.

Ënner der digitaler Kluft oder dem digitale Gruef versteet een d’Kluft am Hibléck op d’Méiglechkeete vum Zougang zu den IKT an der Notzung vum Internet fir eng grouss Zuel vun Aktivitéiten. Et ka sinn, dass Mënsche mat enger bestëmmter Form vun digitaler Kluft konfrontéiert sinn. Bei der digitaler Inklusioun ginn d’Ustrengunge gekuckt, déi néideg sinn, fir eng eventuell digital Kluft ze iwwerbrécken, andeem all Notzer befäegt ginn, Online-Servicer sënnvoll ze notzen a gläichzäiteg hir digital Kompetenzen ze entwéckelen. Et geet drëm, sécherzestellen, dass bestëmmte Bevëlkerungsgruppen (eeler Leit, Mënsche mat Behënnerungen, Mënschen ouni déi néideg Fäegkeeten oder Mënsche mat begrenzte finanzielle Ressourcen) am Kader vun der Digitaliséierung vun ëffentlechen (z.B. Digitaliséierung am Beräich vun der Sécurité sociale) oder privaten (z.B. Bankgeschäfter) administrativen Demarchen esouwéi vun der Digitaliséierung an der Aarbechtswelt an der Gesellschaft am Allgemengen net zu Opfer vun enger digitaler Kluft ginn.

D’Erausfuerderung besteet doran, d’Digitaliséierung zu enger Chance fir jiddereen ze maachen, zu engem Schlëssel fir individuell a kollektiv, sozial a wirtschaftlech Verännerungen, andeem alle Bierger vu Lëtzebuerg den Zougang zu den Outilen, Kompetenzen an Aarbechtsplazen erméiglecht gëtt.