An dëser accessibeler Broschür gëtt den Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun virgestallt, deen de 24. September am Regierungsrot ugeholl gouf.
Den Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun soll d’Opkomme vun enger digital inklusiver Gesellschaft vereinfachen an enger digitaler Kluft, déi der ganzer Gesellschaft schuet, entgéintwierken.
E schaaft d’Grondlag fir nohalteg Aktiounen am Beräich vun der digitaler Inklusioun a mécht et méi einfach, fir aus dem Digitalen e wirtschaftlechen a sozialen Hiewel fir all déi ze maachen, déi sech fir déi digital Welt entscheeden.