Initiative fir d'digital Inklusioun vun alle Bierger

Aleedung

Am Aklang mat de aktuellen globale Trends setzt Lëtzebuerg seng digital Transformatioun weider, charakteriséiert duerch eng séier Beschleunegung vun der Benotzung vun digitale Technologien, dem Opstig vun der kënschtlecher Intelligenz an d'Généraliséierung vun Digitalen Ëffentlechen Déngschter. D'Regierung huet wëlles, dës Entwécklungen fir sech ze notzen, an dobäi sécherzestellen, datt kee Bierger faale gelooss gëtt. Eng vun de gréisste Erausfuerderungen ass et sécherzestellen, dass jiddereen an dëser Transitioun abegraff gëtt.

Eng vun de strategesche Prioritéiten vum Ministère fir Digitaliséierung bleift d'digital Inklusioun, verstanen als Réi vu Moossnamen, déi dorop ausgeriicht sinn, digital Technologie fir all eenzel Persoun zougänglech, verständlech an benotzbar ze maachen, am Aklang mat hiren Fäegkeeten an hirer sozio-ökonomescher Situatioun. Dës Prioritéit strukturéiert elo schonn e groussen Deel vun de nationalen Initiativen. 

De Lëtzebuerger Kontext

Enquêten, déi gemeinsam vum STATEC an dem LISER fir de Ministère fir Digitaliséierung duerchgefouert goufen, bestätegen, datt Lëtzebuerg wat d'Konnektivitéit, den Internetzougang an déi digital Fäegkeeten ugeet, zu de beschtplazéierten europäesche Länner zielt. Am Joer 2024 hunn 98,9 % vun de Awunner den Internet benotzt, wat e bal universellen Zougang zum Digitalen reflektéiert.

Allerdéngs verstoppt dës ganz favorabel Situatioun nach ëmmer e bestännegen digitale Gruef, deen am Hibléck op d'Notzung an d'Kompetenzen opfällt. D'Studie identifizéiert dräi Aarte vun Internetbenotzer:

  • Geréng Notzer (24%)
  • Mëttel Notzer (40%)
  • Intensiv Notzer (36%) (mat enger bemierkenswäerter Erhéijung vun den intensiven Notzer tëscht 2022 an 2024)

Geréng Notzer si haaptsächlech eeler Leit, Leit mat wéineg Qualifikatiounen, Demandeur-d'emploien oder Net-EU-Staatsbierger – all Charakteristiken, déi mat engem erhéijte Risiko vun digitaler Exklusioun verbonnen sinn.

Parallel klëmmt de Undeel vun de Bierger, déi Stress am Zesummenhang mam Digitalen empfannen: 27% soen am Joer 2024, si géifen héich Stressniveauen beim Benotzen vun Internet erliewen, besonnesch wann si administrativ Demarchen ausféieren, Bankaktivitéiten duerchféieren oder sozial Medien benotzen. Ausserdeem fillen 60%, datt d'Geschwindegkeet vum technologeschen Wandel ze séier ass, wat d'Schwieregkeeten vun engem Deel vun der Bevëlkerung verschäerft.

D'Zuelen weisen och, datt 44% vun deenen, déi den Internet benotzen, schonn eng online administrativ Demarche opginn hunn, wéinst hirer Komplexitéit oder well si dofir Internet notze mussen. Dës Situatiounen betreffen haaptsächlech administrativ Demarchen (23%), Online-Akäf (23 %) oder medezinnesch  Rendez-vousen huelen(21%).

Dës Erkenntnisser ënnersträichen d'Noutwendegkeet no verbesserter mënschlecher Ënnerstëtzung, der Vereinfachung vun online Servicer an dem Erhalen vun net-digitalen Alternativen.

D'Engagement vu Lëtzebuerg ass och Deel vun der breetgefächterter europäescher Strategie fir d'digital Joerzéngt (Digital Decade), déi gemeinsam Ziler festleet, déi bis 2030 erreecht solle ginn. E puer vun dëse Ziler betreffen direkt d'digital Inklusioun, a véier dovunner si besonnesch relevant fir de nationale Aktiounsplang fir digital Inklusioun: garantéieren datt 80% vun den Erwuessene iwwer Basis-Digitalkompetenzen verfügen, wichteg ëffentlech Servicer online accessibel ze maachen an se Benotzerfrëndlech gestalten, sozial a geographesch Frakturen duerch héichwäerteg digital Infrastruktur ofbauen, an déi digital Transformatioun vun de PMEen ënnerstëtzen, fir dass 90% vun hinnen e Basisniveau un digitaler Intensitéit erreechen. Dës europäesch Ziler déngen als strategesche Kader, deen et Lëtzebuerg erlaabt, seng Efforten op eng kollektiv Visioun auszerichten, wärend lokal Spezifitéiten berücksichtegt ginn. 

Eng iwwergräifendThematik

Fir ze verhënneren, dass den digitale Gruef sech weider vergréissert, huet d'Regierung déi transversal Approche weidergefouert, déi 2019 initiéiert gouf. Den interministeriellen Aarbechtsgrupp fir digital Inklusioun, koordinéiert vum Ministère fir Digitaliséierung, bréngt elo 15 Ministèren zesummen an trëfft sech weiderhin reegelméisseg, fir national Prioritéiten ze definéieren, Feedback auszetauschen a gemeinsam kohärent Moossnamen op nationalem Niveau z'entwéckelen.

Den Nationalen Aktiounsplang

Den éischten Nationale Aktiounsplang fir digital Inklusioun, ausgeschafft vum Ministère fir Digitaliséierung an enker Zesummenaarbecht mam interministeriellen Aarbechtsgrupp fir digital Inklusioun a mat Associatiounen an Acteuren vum Terrain, gouf Enn 2024 ofgeschloss. Dësen war ronderëm dräi strategesch Axen opgebaut (Motivatioun a Vertrauen, Zougang a Kompetenzen) an huet véierzeg konkret Initiativen ëmfaasst. Dës Aktiounen hunn et erméiglecht, déi am meeschte betraffe Persounen z'identifizéieren, accessibel Formatiounsprogrammer z'entwéckelen, d'Zesummenaarbecht tëscht den Acteuren ze stäerken an d'Allgemengheet iwwer d'Virdeeler an d'Risiken, déi mat den digitalen Technologien verbonne sinn, ze informéieren. Dësen éischte Plang huet och d'Noutwendegkeet ënnerstrach, Servicer kontinuéierlech un technologesch Entwécklungen unzepassen, Vertrauen opzebauen an Alternativen fir Leit ze erhalen, déi d‘digital Technologie net kënnen oder net wëllen benotzen.

An obwuel déi rezent Donnéeën aus der Enquête iwwer d'Benotzung vun Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, déi 2024 vum STATEC duerchgefouert an vum LISER analyséiert gouf, de Fortschrëtt bestätegen, weisen si och nach op bestoend Erausfuerderungen hin.

D'Evaluatioun vum éischte Nationale Aktiounsplang fir digital Inklusioun huet d'Basis fir de Projet geluecht. Eng déifgräifend Analyse vun de Resultater vum éischte Plang gouf duerchgefouert, fir de Fortschrëtt, d'Lücken an d'persistent Erausfuerderungen z'identifizéieren. Dës Phase huet och eng Analyse vun de Recommandatiounen, déi am Kader vum Fuerschungsprojet mam LISER virgeschloen goufen, an d'europäesche Ziler, souwéi eng Iwwerpréiwung vun de bestehenden Initiativen, abegraff, fir d'Kontinuitéit an d'Kohärenz vun de Moossnamen ze garantéieren.

Fir eng kohärent, inklusiv Approche ze garantéieren, déi op déi reell Bedierfnesser vun der Bevëlkerung ageet, huet de Ministère fir Digitaliséierung d'Entwécklung vum zweeten Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun koordinéiert andeem en sech op enger strukturéierter a kollaborativer Approche mat de relevanten Ministèren an Administratiounen souwéi Acteuren aus der Zivilgesellschaft baséiert huet.

Dës Diskussiounen hunn zur Entwécklung vum zweeten nationale Aktiounsplang fir digital Inklusioun gefouert, baséierend op engem partizipativen Usaz: 33 Interviewen, zwee interaktiv Atelieren an iwwer 30 bilateral Reuniounengoufen ofgehalen, fir d'Bedierfnesser an d'zukünfteg Prioritéiten vum Land ze definéieren.

D'Konsultatiounen hunn d'Afléissen vun verschiddenen Standpunkten vun folgenden Acteuren aus der Zivilgesellschaft erméiglecht:

  • Associatiounen, déi mat engem vulnerablen Publik schaffen,
  • Etablissement-publicken,
  • akademesch Experten.

An dësem Kontext huet dëse zweeten nationale Aktiounsplang fir digital Inklusioun, am Aklang mam Koalitiounsaccord 2023–2028 d‘Zil, d'Acquisen vum éischte Plang ze konsolidéieren an adäquat Ressourcen ze garantéieren, fir eng méi digitaliséiert Gesellschaft ze fërderen, an en Usaz ze verfollegen, deen op déi national Realitéiten ageet a währenddeems zu den europäesche Ambitiounen bäidréit.

Den zweeten nationale Aktiounsplang fir digital Inklusioun erweidert a stäerkt déi national Strategie, andeems en op sechs strategesche Hiewelen:

  • Sécherstelle vun der Koordinatioun vum Nationalen Aktiounsplang.
  • Verdéiwe vun den digitale Kompetenzen.
  • Stäerke vun der Motivatioun a Bilde vun digitalem Vertrauen.
  • Erliichtere vum Zougang zu den digitalen Technologien.
  • Stäerke vun der Autonomie duerch déi digital Technologien.
  • Bäibehale vun enger Alternativ zu den digitalen Technologien.

Den Nationalen Aktiounsplang ëmfaasst 249 Moossnamen, déi entwéckelt goufen, fir all Bierger den Zougang zu digitalen Déngschter ze erméiglechen, se ze verstoen an hire Bedierfnesser entspriechend ze notzen, wärend gläichzäiteg dofir gesuergt gëtt, datt net-digital Léisungen fir déi Leit zur Verfügung stinn, déi net wëllen oder net kënnen, digital Technologië benotzen. Et schréift sech och an déi europäesch Ambitiounen fir d'digital Joerzéngt (Digital Decade), déi besonnesch dorop ausgeriicht sinn, déi digital Fäegkeeten vun der Bevëlkerung ze verbesseren, den Zougang zu ëffentlechen Servicer ze garantéieren an sozial Ongläichheeten ze reduzéieren.

D'Initiative vum Ministère 

Déi hei drënner opgezielten Initiativen si gréisstendeels Deel vum zweeten Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun. Si ginn aktuell oder wäerten vum Ministère fir Digitaliséierung ëmgesat ginn.

  • Internetsäit zum Thema digital Inklusioun

De Site www.zesummendigital.lu bleift de zentrale Informatiounspunkt: Acteuren, pädagogesch Ressourcen, Best Practices, Publikatiounen, Evenementer an d'Resultater vun den Opriff fir Projetenstinn do zenraliséiert. De Site gëtt reegelméisseg ausgebaut an aktualiséiert, mat enger kontinuéierlecher Kommunikatiounsstrategie.

  • Jäerlechen Opruff fir Projeten

Zënter 2022 lancéiert de Ministère fir Digitaliséierung e jäerleche Opruff fir Projeten, fir Pilotprojeten ze finanzéieren, déi d'digital Inklusioun zu Lëtzebuerg fërderen. Dës Opriff fir Projeten riichten sech un Associatiounen, privat Organisatiounen, ëffentlech Institutiounen, Gemengen, interkommunal Associatiounen, Gemenge-Syndikater, Formatiounszentren an ëffentlech Fuerschungsinstituter, déi sech fir déi digital Inklusioun asetzen.

Déi 22 Projeten, déi an de véier Opruffer fir Projeten ausgewielt goufen, déi zënter 2022 lancéiert goufen, souwéi d'Iwwerreechungszeremonien vum Präis fir digital Inklusioun, kënnen op der thematescher Websäit zesummendigital.lu ugekuckt ginn.

  • National Woch vun der digitaler Inklusioun

Vum Hierscht 2026 un, wäert d'National Woch vun der digitaler Inklusion den aktuellen Nationalen Daag ersetze. Dës Ännerung,déi  am neie Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun festgeluecht gouf, erlaabt et, d'Evenement auszebauen. Den Interdisziplinäre Forum iwwer Digital Inklusioun an de Salon fir digital Inklusioun wäerten weiderhi de gewéinleche Programm vu Konferenzen, Atelieren an Table Ronde Diskussiounen bereicheren.

  • Ausbildung an digitalen Fäegkeeten

Zënter 2021 schafft de Ministère fir d'Digitaliséierung mat der ASBL ErwuesseBildung zesummen, fir op Mooss geschneidert Formatiounen fir digital Kompetenzen z'entwéckelen, déi haaptsächlech un Associatiounen am soziale Secteur geriicht sinn. Dës Formatiounen, déi gratis zur Verfügung gestallt ginn, fir e grousse Publikum am ganzen Land z'erreechen, sinn iwwert eng Plattform accessibel a erofgeluedbar. Zousätzlech organiséiert de Ministère all Mount "IT Trainer Meetups", déi e Raum fir Austausch a Weiderbildung fir Trainer am Beräich vun der digitaler Bildung ubidden.

  • Workshops iwwer kënschtlech Intelligenz fir eeler Leit

Fir déi digital Kompetenzen vun allen Awunner ze stäerken, organiséiert de Ministère fir Digitaliséierung, a Kooperatioun mat der ASBL "Luxembourg TechSchool", Workshops iwwer kënschtlech Intelligenz fir Ufänger un, déi speziell op eeler Leit ausgeriicht sinn. Dës Sessiounen hëllefen de Participanten, d'wesentlech Prinzipie vun der kënschtlecher Intelligenz ze verstoen, hir praktesch Uwendunge am Alldag ze entdecken an dat néidegt Selbstvertrauen opzebauen, fir selbstsécher mat dësen Technologien ëmzegoen.

  • Enquêten iwwer d'Auswierkunge vun digitalen Entwécklungen

De Ministère fir Digitaliséierung huet, an Zesummenaarbecht mam "Luxembourg Institute of Socio-Economic Research" (LISER), dräi Enquêten iwwer d'Auswierkunge vun de rezenten digitalen Entwécklungen op déi Leit duerchgefouert, déi net esou vertraut mam Digitaen sinn. Zwou weider Enquêten si bis 2027 geplangt, fir ze isuivéieren, wéi d'Situatioun sech iwwer d'Zäit entwéckelt. D'Resultater vun den Enquêten, déi 2022 ,2023 an 2024 duerchgefouert goufen, sinn op der Websäit vum Ministère fir Digitaliséierung disponibel.

  • Interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun

De Ministère fir Digitaliséierung organiséiert all sechs Méint den interdisziplinäre Forum iwwer digital Inklusioun. Dëse Forum bréngt Vertrieder aus de ministeriellen Departementer, Acteuren vun der digitaler Inklusioun a Leit déi fir digital ausgeschlossene Gruppen zu Lëtzebuerg zoustänneg sinn, zesummen. Zënter 2022 huet de Ministère siwen Editiounen vum Forum organiséiert. Videoen vun dëse Editiounen sinn um Site zesummendigital.lu opruffbar.

  • Studie zur Machbarkeet fir e nationalen digitalen Mediatiouns- a Hëllefsservice

Am Kader vum Nationalen Aktiounsplang lancéiert de Ministère fir Digitaliséierung, a Kooperatioun mat de relevanten Ministerien, eng Machbarkeetsetüd mam Zil, e nationale digitale Mediatiouns- ann Digitalassistenz ze definéieren. Dës Initiativ wäert d'Bedierfnesser, d'organisatoresch Modalitéiten an d'Ressourcen evaluéieren, déi néideg sinn, fir eng strukturéiert an accessibel Ënnerstëtzung fir Leit ze bidden, déi Schwieregkeeten hunn, digital Technologie ze benotzen.

  • Formatiounskurs: Digital Inklusioun am Soziale Beräich

De Ministère fir Digitaliséierung bitt e jäerlechen Formatiounskurs iwwert digital Inklusioun fir Fachleit un, déi mat Persounen schaffen, déi digital ausgeschloss sinn. Dës Initiativ huet zum Zil, hir Kompetenzen ze stäerken, hir Fäegkeet ze verbesseren, Ënnerstëtzung unzebidden, an d'digital Inklusioun op eng nohalteg Manéier an den Alldag um Terrain ze integréieren.

CTIE Initiativen

Déi hei drënner virgestallten Initiativen sinn am Nationalen Aktiounsplang abegraff a stellen déi reegelméisseg Aktivitéiten vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) duer, deen den technologeschen Arm vum Ministère fir Digitaliséierung ass.

D'Initiativen, déi vum CTIE ëmgesat ginn, sinn Deel vun der "Stratégie Gouvernement numérique  2026-2030“ Dës Strategie huet zum Zil, déi digital Verwaltung ze stäerken an d'Transitioun zu enger digitaler Regierung z'ënnerstëtzen. D'Zil ass ënner anerem eng transversal digital Accessibilitéit ze fërderen, benotzerfrëndlech Servicer ze entwéckelen, attraktiv online ëffentlech Servicer unzebidden an an d'Vertrauen vun de Bierger an online administrativ Demarchen ze investéieren.

  • Mobile physesche Guichet de proximité

Fir de Zougang zu ëffentlechen Déngschter ze verbesseren an administrativ Demarchen fir all Bierger ze vereinfachen, schaffen de CTIE an de Ministère fir Digitaliséierung de Moment drun, e mobilen physesche Guichet an der Form vun engem Bus opzebauen. Dëse Bus reest all Mount fir eng Woch an verschidde Regiounen vum Land, ausser an de Zentrum , wou et schonn e physesche Guichet gëtt.

  • Digitale Mandat

De CTIE an de Ministère fir Digitaliséierung schaffe weider, un engem digitale Mandat op MyGuichet.lu. Nodeems eng juristesch a technesch Machbarkeetsstudie am Kader vum GovTech Lab duerchgefouert gouf, ass de Projet elo an der Ëmsetzungsphase. Dëst Mandat erlaabt et enger autoriséierter Persoun, administrativ Demarchen am Numm vun engem Familljemember, an engem sécheren Kader online duerchzeféieren. Zousätzlech gëtt aktuell eng spezifesch Léisung entwéckelt, fir dës Funktiounalitéit och fir Persounen ënner Tutelle a Curatelle zougänglech ze maachen.

  • Aféierungsworkshops fir MyGuichet.lu

De CTIE organiséiert véier praktesch Atelieren am Joer, fir eelere Leit ze hëllefen, d'Plattform MyGuichet.lu ze benotzen. Dës Atelieren, déi am GovTech Lab stattfannen, hunn zum Zil, eelere Leit den Zougang zu digitalen ëffentlechen Déngschter ze erliichteren.

  • Spenden vu Geräter

De CTIE erliichtert den Zougang zu informateschem Material, andeems en säin e aus Material wat en net méi benotzt un d'ASBL "Digital Inclusion" spent. D'Associatioun stellt d'Material de Stéit zur Verfügung, déi an der Prekaritéit liewen , an hëlleft domat, déi digital Inklusioun vu vulnerable Persounen zu Lëtzebuerg ze stäerken.

  • Pädagogesch Ressourcen fir d'Benotzung vun Online-Ëffentlechen Déngschter ze erliichteren

De CTIE bitt eng Rei vu Guiden a Tutorialen un, déi an der Hëllef-Rubrik op Guichet.lu verfügbar sinn, fir d'Benotzen vun Online Servicer ze erliichteren. Dës Ressourcen hunn d'Zil, d'Benotzer an hiren online Demarchen z'ënnerstëtzen, andeems si kloer a verständlech Erklärungen ubidden.

  • Accessibilitéit vun ëffentlechen Déngschter

De CTIE verbessert weiderhinn déi digital Accessibilitéit an d‘Benotzererfarung op de Websäiten an Uwendungen déi en entwéckelt, a suergt fir d'Konformitéit mat de Renow-Richtlinnen.

De CTIE bitt och un, nei Benotzer-Tester mat de Zielpublicken duerchzeféieren, fir d‘Accessibilitéit vun de Regierungswebsäiten ze verbesseren an se un d'Bedierfnesser vun de Notzer unzepassen. Dës Tester konzentréieren sech besonnesch op Guichet.lu, MyGuichet.lu an aner Plattformen, déi vum CTIE entworf goufen. Si hunn d'Zil, d'Benotzererfarung ze optimiséieren an eng systematesch Ko-Kreatiouns-Approche mat de Benotzer ze fërderen.

  • Chatbots

De CTIE proposéiert, d'Potenzial vun der kënschtlecher Intelligenz ze notzen fir d'Interaktioun tëscht de Bierger an de ëffentlechen Servicer ze verbesseren. E wäert KI-baséiert Léisungen ubidden, fir d'Recherchefunktioun ze verbesseren an entwéckelt Chatbots, déi um Guichet.lu integréiert solle ginn, fir de Bierger ze hëllefen, d'Informatiounen op de Regierungsplattformen séier, zouverlässeg an intuitiv ze fannen.

  • Helpdesk

De CTIE erweidert de bestoenden Guichet.lu-Helpdesk-Service, andeems en zougänglech an op verschiddenen Kanäl, personaliséiert Ënnerstëtzung ubitt. Dëse Service enthält eng personaliséiert Ënnerstëtzung am Guichet, per Telefon, Videokonferenz oder E-Mail, fir eng Hëllefstellung ze garantéieren, déi op d'Bedierfnesser vun allen Benotzer ofgestëmmt ass.