Aktualiséiert den
D'Plattform "Zesumme Vereinfachen": fir ëffentlech Servicer, déi Iech den Alldag erliichteren
Aleedung
D'Digitaliséierung vun de staatleche Servicer entsprécht den Ufuerderunge vun de Benotzer, wann se Hand an Hand mat der administrativer Vereinfachung an der Upassung vun den Demarchen, Prozesser an dem Austausch tëschent de Bierger, den Entreprisen an dem Staat ginn.
Am Kompetenzberäich vum Ministère fir Digitaliséierung läit et digital Léisungen ze fannen, déi administrativ Vereinfachung erméiglechen. Dësen Usaz gëtt vum Conseil fir Vereinfachung ënnerstëtzt, zu deem sengen Aufgaben ënnert anerem d'Verwaltung vun der Plattform fir partizipativ administrativ Vereinfachung www.zesumme-vereinfachen.lu gehéiert. D'Motto vun der Plattform spigelt hiert Konzept erëm: "Fir ëffentlech Servicer, déi Ären Alldag erliichteren."
Eng partizipativ a kollaborativ Approche
De Conseil fir Vereinfachung zielt op d'Erfarung vun de Bierger an den Entreprisë fir Déngschtleeschtungen op eng partizipativ a co-kreative Manéier ze vereinfachen. Dofir stellt d'Plattform "Zesumme Vereinfachen" déi perséinlech Erfarunge vun de Bierger an den Entreprisen an de Mëttelpunkt vun der kompletter Entwécklungs- a Vereinfachungsprozedur.
Op dëser Plattform, kënnen interesséiert Bierger an Entreprisen d'Initiativ huele fir hir Iddien zu der Vereinfachung vu staatlechen Déngschtleeschtungen, wéi zum Beispill deenen déi op Guichet.lu ze fanne sinn, ze deelen. Si kënnen och Propositioune vun anere Benotzer kommentéieren an ergänzen, un Ëmfroen deelhuelen, iwwer Virschléi ofstëmmen, Initiative prioriséieren, sech fir partizipativ Atelieren aschreiwen, déi digital oder en présentiel stattfannen a villes méi.
Des Weideren, erméiglecht d’Plattform "Zesumme Vereinfachen" de verschiddene Ministèren an Administratiounen d'Méiglechkeet Projeten ze verëffentlechen, fir déi si d'Meenung oder d'Kommentarer vun de jeeweilegen Interessegruppen interesséieren. Op der Plattform si nieft all den aktuell lafende Projeten, bei deenen d'Benotzer aktiv deelhuele kënnen, och déi ofgeschlosse Projeten, bei deenen de Bedeelegungsprozess fäerdeg ass.
"Zesumme Vereinfachen" bitt all d'Funktionalitéiten, déi eng digital Participatioun erméiglechen, an dat op all den Endgeräter, och um Smartphone. Persounen, déi matschaffe wëllen, kënnen dat op enger vun de véier Sprooche vun der Plattform maachen, d.h. op Franséisch, Däitsch, Englesch oder Lëtzebuergesch.
Sech abréngen, wéini ee wëll a wéi een et wëll!
D'Bierger an d'Entreprisen hunn op jiddwer Fall ëmmer d'Méiglechkeet, sech just un enger Phas oder awer u méi Phase vum Projet ze bedeelegen, sou wéi et hinnen am beschte passt. Si engagéieren sech zu kengem Ament, vun Ufank bis zum Schluss bei engem Projet matzemaachen. Iwwer e Benoriichtungssystem, dee personaliséierbar ass, gi se och iwwer d'Entwécklung vun de Projeten, déi op der Plattform proposéiert ginn, informéiert. Jee no abonnéierte Benoriichtungen, gëtt een informéiert, wann nei Projete verëffentlecht ginn a wéi sech déi lafend Projeten entwéckelen.
Eng staatlech "Simplify Community"
Ministèren an Administratiounen, déi sech fir déi ënnerschiddlech participativ Méiglechkeete vun der Plattform a fir d'Thematik vun der administrativer Vereinfachung interesséieren, kënnen zu all Moment de Conseil fir Vereinfachung kontaktéiere fir méi gewuer ze ginn. D'Agenten aus dem ëffentlechen Déngscht sinn och agelueden Deel vun der "Simplify Community" vum Ministère ze gi fir sech ronderëm d'Thema vun der administrativer Vereinfachung ze informéieren an auszetauschen.
Sidd Dir ee Ministère oder eng Administratioun zu Lëtzebuerg a wëllt méi iwwer d'Offer vum Conseil fir Vereinfachung gewuer ginn?
Zéckt net eis per E-Mail via mail@zesumme-vereinfachen.lu oder per Telefon um (+352) 247-72100 ze kontaktéieren..