Aktualiséiert den
De Conseil fir Vereinfachung
Aleedung
De Conseil fir Vereinfachung proposéiert lëtzebuergesch Administratiounen dobäi ze ënnerstëtzen, hir Ofleef a Prozeduren ze optimiséieren. Op Ufro vun enger staatlecher Entitéit analyséiert de Conseil fir Vereinfachung hir bestoend oder geplangte Strukturen, Prozeduren an Déngschtleeschtungen. D’Zil ass et, dës fir d‘Bierger an d‘Entreprisë méi kloer, besser zougänglech a méi benotzerfrëndlech ze gestalten.
Ziler
De Conseil fir Vereinfachung wëll d’Benotzererfarung fir Bierger, Entreprisen a Beamten um administrativem Niveau verbesseren. En ënnerstëtzt Ministèren a Verwaltungen, déi dëst ufroen,
encouragéiert eng Kultur vun Zesummenaarbecht a vu Wëssensaustausch a begleet d’Ëmsetzung vu Léisunge, déi sech no de Besoine vun de Bierger an den Entreprisë riichten.
Fir dës Ziler ze erreechen, brauch een eng eenheetlech a mënschenorientéiert Approche. Wéi eng Besoinen hunn d'Bierger wierklech? Wéi eng administrativ Hürde musse behuewe ginn? De Conseil fir Vereinfachung ënnersicht all dës Froen am Detail an identifizéiert zesumme mat den Acteure vum ëffentleche Secteur konkret Verbesserungsméiglechkeeten. Eng Approche, déi bei dem Conseil säi Motto passt: „Zesumme vereinfachen, Schrëtt fir Schrëtt.“
Approche
De Conseil fir Vereinfachung schafft notzerorientéiert a betruecht d’Verwaltungsprozeduren neutral an onofhängeg. Hie bréngt dem Notzer seng Perspektiv unhand vun typesche Liewenssituatioune mat an d‘Verwaltungsëmfeld eran a stelltbestoend Prozeduren a Fro.
Als éischt bewäert de Conseil fir Vereinfachung, zesumme mat der Administratioun déi d’Ufro gestallt huet, den aktuelle Stand vun enger Demarche, enger Prozedur oder enger Aarbechtsmethode. Doropshi gëtt zesumme festgeluecht, wéi eng Entwécklunge méiglech wären an erwënscht sinn, fir op d‘Besoine vun der jeeweileger Zilgrupp ze äntweren.
Uschléissend begleet de Conseil fir Vereinfachung d’Administratioun bei der Ëmsetzung vun der Vereinfachung. Dës kéint sech bezéien op:
- d’Offer vun den Déngschtleeschtunge vun enger Administratioun fir Bierger an Entreprisen,
- d’Strukturen an d’Prozeduren an enger Verwaltung,
- oder den Aarbechtsalldag vun de Staatsbeamten.
Ob et dorëms geet, Prozeduren ze iwwerdenken, Strukturen unzepassen oder nei Aarbechtsmethoden anzebréngen, de Conseil fir Vereinfachung begleet geziilt Ufroen a schafft zesumme mat de Bedeelegte fir passend Léisungen ze fannen.
Säin Zil: den Alldag vun de Bierger, Entreprisen a Beamten ze erliichteren.
Dräi Grondsätz
De Conseil fir Vereinfachung stäipt sech op dräi zentral Grondsätz: Aktivéierung, Autonomiséierung, a Vernetzung.
- Aktivéierung: Andeems hie Verwaltunge fir hiert Vereinfachungspotenzial sensibiliséiert, gi Verbesserungsprozeduren ugestouss.
- Autonomiséierung: duerch den Austosch vu Wëssen a Methoden erméiglecht de Conseil de Beamten och eegestänneg Verbesserungen ëmzesetzen.
- Vernetzung: duerch d’Promotioun vun der Zesummenaarbecht tëscht verschiddenen Servicer a Verwaltungen, dréit de Conseil dozou bäi datt staark Netzwierker entstinn.
Op dës Aart a Weis entwéckelt de Conseil permanent nei Approchen a vereinfacht seng Methode fir ëffentlech Administratioune Schrëtt fir Schrëtt fir jiddereen ze verbesseren.
Néng Richtlinne fir eng schrëttweis Vereinfachung
Vereinfachung geschitt Schrëtt fir Schrëtt. Si brauch net radikal ze sinn, fir Wierkung ze weisen. De Conseil fir Vereinfachung schafft strukturéiert an zilorientéiert a benotzt dobäi passend Methoden an Instrumenter. A klenge repetitive Schrëtt geet hie vir, Prozeduren an Déngschtleeschtungen ginn
iwwerschafft fir d’Experienz vun de Bierger, Entreprisen a Beamten am ëffentleche Secteur ze verbesseren. Dobäi gräift de Conseil op bestoend Wëssen zeréck, hannerfreet klassesch Prozeduren a schléit nei Weeër an – mam Zil vun enger spierbarer Vereinfachung:
- Mënschen an hir Besoine verstoen,
- zesumme vereinfachen, mat jidderengem a fir jiddereen,
- komplett Léisungen entwéckelen,
- e kloer definéierten Optrag erfëllen,
- Strukture befollegen a gläichzäiteg Neies woen,
- passend Methoden an Instrumenter asetzen,
- oppen an kloer kommunizéieren,
- zouverlässeg an nohalteg gestalten,
- e gemeinsaamt Zil an eng gemeinsam Aarbechtskultur deelen.
Vereinfachung betrëfft jiddereen. Si brauch Oppenheet an e kloert Zil, fir Vertrauen an enger kooperative Aarbechtskultur ze promouvéieren. Jidderee kann dozou bäidroen, Ofleef ze vereinfachen a se méi accessibel ze gestalten. Duerch beräichsiwwergräifend Zesummenaarbecht an de Wëlle fir eng permanent Verbesserung motivéiert de Conseil d’Acteuren aus dem ëffentlechen Déngscht, sech aktiv u wichtegen nohaltege Vereinfachungsinitiativen ze bedeelegen.
Sidd Dir Deel vun engem lëtzebuergesche Ministère oder enger Administratioun a wëllt méi iwwer d’Déngschtleeschtunge vum Conseil fir Vereinfachung gewuer ginn?
Mir hëllefen Iech gäre weider. Dir kënnt eis per E-Mail via conseil@simplification.lu oder per Telefon um (+352) 247-72100 erreechen.