D’Ministesch fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin huet a Präsenz vum Minister Serge Wilmes, den Event ✨ « Mistral au service de l’administration publique » ✨, eröffnet. Organiséiert gouf den Event vum Ministère de la Fonction publique an dem Digital Learning Hub um Belval. Am dësem Kader huet den Dominique Riefstahl vum Digitaliséierungsministère d’KI Charta virgestallt, déi d‘Staatsagenten bei der verantwortungsvoller Notzung vun der🤖 KI beim Staat ënnerstëtzt. Uschléisssend hunn de Pascal Gieres an de Francesco Librizzi vum CTIE hir éischt 🔎 Retouren vun der Mistral Notzung beim Staat virgestallt.