The Ministry on Facebook

💬 Déi bescht Sozialhëllefen déngen näischt, wa se net genotzt ginn. Fir dofir ze suergen, dass bestehend an nei sozial Fangnetzer och gräifen, schafe mir eng ganz nei Ulafstell zu Lëtzebuerg: 🏛️ e „Guichet Social Unique“. Dëse wäert orientéieren, sensibiliséieren an informéieren… an dat direkt op 4 Weeër: 1️⃣ iwwer eng digital Plattform 💻 2️⃣ iwwer eng Telefons-Hotline ☎️ 3️⃣ mat enger mobiller Equipe 🚐 4️⃣ an engem physesche Büro 🏢 📅 Wärend den éischte Pilier schonns ufanks 2026 online goe soll, wäerten déi aner dräi Pilieren am Laf vum nächste Joer operationell sinn. 🤝 Zesumme mat der Entente des Offices Sociaux, der FEDAS Luxembourg asbl a menge Regierungskolleege Stéphanie Obertin , Claude Meisch a Léon Gloden war haut de feierleche Startschoss.🎉 Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil Ministère de la Digitalisation Luxembourg Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse Ministère des Affaires intérieures
Last update